Audio tour Shoah-Gedenkwee an der Stad Lëtzebuerg
2 sights
- Audio tour Summary
-
Audio tour Summary
Den zwou Stonne laange Shoah-Gedenkwee an der Stad Lëtzebuerg bitt en Abléck an d'Vernichtung vum jiddesche Liewen zu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland.
D'Associatioun MemoShoah Luxembourg asbl huet dëse Gedenkwee initiéiert, fir datt d'Schicksal vun de ronn 4.000 Jüddinnen a Judden, déi um Dag vum däitschen Iwwerfall zu Lëtzebuerg gelieft hunn, net vergiess gëtt. De Wee geet laanscht bekannten a manner bekannte Plazen, déi am Zesummenhang mat der Shoah zu Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt hunn.
De Wee fänkt op der Haaptgare an der Stad un, wou ab 1941 insgesamt 7 Deportatiounszich 658 Jüddinnen a Judden a verschidde Ghettoen a Vernichtungslager deportéiert hunn, fir um Enn beim Kaddish Memorial unzekommen, dat un d'Schicksal vun de Jüddinnen a Judden erënnert, déi hei gewunnt hunn, an déi ënnert der antisemittescher Verfolgung a Vernichtungspolitik vun der Nazi-Besatzungsmuecht gelidden hunn an ëmbruecht goufen.
Ronn 1.200 vun den urspréngleche 4.000 jiddeschen Awunner vu Lëtzebuerg hunn d'Shoah net iwwerlieft, ronn 130 sinn am Resistenzkampf géint Nazi-Däitschland a Frankräich an an der Belsch em d’Liewe komm.
Eréischt 2016 goufen awer d'Lëtzebuerger Jüddinnen a Judden, nieft den zwou anere lokalen Affergruppe vum Naziregimm – den Zwangsrekrutéierten an de Resistenzlerinnen a Resistenzler - als gläichberechtegt Affergrupp unerkannt.
Loosse mir d’Shoah-Affer net vergiessen!
Quellen: Publikatioune vun: Paul Dostert, Germaine Goetzinger, Mil Lorang, Claude Marx a Renée Wagener.
Text: Vera Dockendorf, Germaine Goetzinger, Mil Lorang, Renée Wagener.
Revisioun: Vincent Artuso, Paul Dostert, Germaine Goetzinger, Renée Wagener.
Traductioun: Romain Butti, Monique Dabé, Vera Dockendorf, Claude Marx, Margarida Ramalho.
Stëmmen: Romain Butti, Germaine Goetzinger, Claude Marx, Margarida Ramalho.
Tountechnik: Technesch Equipe vun neimënster.
Kooperatioun: Luxembourg City Tourist Office, neimënster, Consistoire Israélite de Luxembourg, Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah.
Copyright: MemoShoah Luxembourg ASBL.
- 1 Stater Gare - Deportatiounen (Départ an der Verrière virun der Gedenkplack)
- 2 Hotel Perrin, fréieren Hotel Sélect, 9, rue de Strasbourg
- 3 Fréiere Sëtz vun der nazidäitscher Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg (1940-1944): 19, Avenue de la Liberté
- 4 Fréier jüddesch Schoul: 72, Boulevard de la Pétrusse
- 5 Villa Pauly - fréiere Sëtz vun der Gestapo (1940-1944): 57, Boulevard de la Pétrusse
- 6 Al Synagog: 29, rue Aldringen (Eck Rue Adringen / Rue Notre-Dame)
- 7 Albert Nussbaum: De Lëtzebuerger Emigratiounshelfer: 13, rue du Marché-aux-Herbes
- 8 D'Synagog vun 1823: 6, rue de la Congrégation
- 9 Kaddish Monument: Plaz virum fréiere Sainte-Sophie-Klouschter (41A, rue F-D Roosevelt)
-
Audio tour Summary
Den zwou Stonne laange Shoah-Gedenkwee an der Stad Lëtzebuerg bitt en Abléck an d'Vernichtung vum jiddesche Liewen zu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland.
D'Associatioun MemoShoah Luxembourg asbl huet dëse Gedenkwee initiéiert, fir datt d'Schicksal vun de ronn 4.000 Jüddinnen a Judden, déi um Dag vum däitschen Iwwerfall zu Lëtzebuerg gelieft hunn, net vergiess gëtt. De Wee geet laanscht bekannten a manner bekannte Plazen, déi am Zesummenhang mat der Shoah zu Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt hunn.
De Wee fänkt op der Haaptgare an der Stad un, wou ab 1941 insgesamt 7 Deportatiounszich 658 Jüddinnen a Judden a verschidde Ghettoen a Vernichtungslager deportéiert hunn, fir um Enn beim Kaddish Memorial unzekommen, dat un d'Schicksal vun de Jüddinnen a Judden erënnert, déi hei gewunnt hunn, an déi ënnert der antisemittescher Verfolgung a Vernichtungspolitik vun der Nazi-Besatzungsmuecht gelidden hunn an ëmbruecht goufen.
Ronn 1.200 vun den urspréngleche 4.000 jiddeschen Awunner vu Lëtzebuerg hunn d'Shoah net iwwerlieft, ronn 130 sinn am Resistenzkampf géint Nazi-Däitschland a Frankräich an an der Belsch em d’Liewe komm.
Eréischt 2016 goufen awer d'Lëtzebuerger Jüddinnen a Judden, nieft den zwou anere lokalen Affergruppe vum Naziregimm – den Zwangsrekrutéierten an de Resistenzlerinnen a Resistenzler - als gläichberechtegt Affergrupp unerkannt.
Loosse mir d’Shoah-Affer net vergiessen!
Quellen: Publikatioune vun: Paul Dostert, Germaine Goetzinger, Mil Lorang, Claude Marx a Renée Wagener.
Text: Vera Dockendorf, Germaine Goetzinger, Mil Lorang, Renée Wagener.
Revisioun: Vincent Artuso, Paul Dostert, Germaine Goetzinger, Renée Wagener.
Traductioun: Romain Butti, Monique Dabé, Vera Dockendorf, Claude Marx, Margarida Ramalho.
Stëmmen: Romain Butti, Germaine Goetzinger, Claude Marx, Margarida Ramalho.
Tountechnik: Technesch Equipe vun neimënster.
Kooperatioun: Luxembourg City Tourist Office, neimënster, Consistoire Israélite de Luxembourg, Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah.
Copyright: MemoShoah Luxembourg ASBL.
Reviews
1 review
Review this tour-
05-05-2023
A very interesting tour. I learned alot about this horrific, sad chapter in Luxembourg’s history.
Download the free izi.TRAVEL app
Create your own audio tours!
Use of the system and the mobile guide app is free
