Tour audio .Unesco: En Tour fir jiddwereen
2 sights
- Aperçu de l'audioguide
-
Aperçu de l'audioguide
Update Required To play the media you will need to either update your browser to a recent version or update your Flash plugin.Dës Unesco-Promenade ka liicht mat enger Kannerkutsch oder am Rollstull gemaach ginn. Et kënnen och Leit de Wee goen, déi Problemer mat der Vue hunn: Mam Audioguide kënne si den Text, deen de Wee beschreift, ënnerwee lauschteren.
De Wee ass eng 1.950 Meter laang an Dir kënnt en an Etappe maachen. En ass meeschtens flaach a biergop kritt en net méi wéi 5,5 % Steigung. Just den Deel tëschent der Cité judiciaire an der Zitadell vum Helleg-Geescht-Plateau ass méi géi. D’Distanz tëschent de Sitte läit bei ronn 200 Meter.
Wat et ze kucke gëtt: De Wee féiert laanscht 19 Sitten, déi all eng Nummer hunn.
Lass geet et bei der Gëlle Fra, d’Arrivée ass um Knuedler beim Luxembourg City Tourist Office.
Ëffentlech Toilettë gëtt et ënner der Konstitutiounsplaz oder am Gronn, do, wou ee mam Lift ukënnt (zougänglech fir jiddwereen), ënner dem Knuedler (zougänglech fir jiddwereen), op der Theaterplaz (zougänglech fir jiddwereen) an an der Paschtoueschgaass no bei der Plëss (Place d’Armes).
Bänke fir ze raschte gëtt et op der Konstitutiounsplaz, op der Helleg-Geescht-Plaz, op der Zitadell vum Helleg-Geescht-Plateau, um Square beim Chouer vun der Kathedral, op der Place Clairefontaine, um Roude Pëtz, op der Theaterplaz, op der Plëss an um Knuedler.
„Lëtzebuerg, Alstad a Festung“, Weltkulturierwe vun der Unesco
De 17. Dezember 1994 gouf „Lëtzebuerg, Alstad a Festung“ an de Regëster vum Weltkulturierwe vun der Unesco agedroen. Hiwwelen an Däller, Bëscher a Fielse bilde mat der Uelzecht an der Péitruss eng aussergewéinlech Landschaft. D’Iwwerreschter vun der fréierer Festung mat hiren Tierm a Maueren, déi al Quartiere vun der Stad an de Gronn erënneren un d’Festungszäiten. Den natierleche Site a seng al Geschicht hunn zesummen eng universell an exzeptionell Valeur.
Text : © Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO
Redaktioun: Robert L. Philippart / Zenter fir lëtzebuerger Sprooch
De Text liest de Marc Georges
Photosn: Robert L. Philippart / Lucien Koneczny / Vuc Fischbach / Monique Schneider
Editeur: Ministère de la Culture, Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO, Service des Sites et Monuments Nationaux ; Ministère du Tourisme ; Ville de Luxembourg ; Luxembourg City Tourist Office ; Athénée de Luxembourg école UNESCO ; Adapth, Info-Handicap, Daaflux asbl ; Klaro-APEMH, Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, Chiens-guides d’aveugles au Luxembourg, Centre pour le développement des compétences relatives à la vue ; Deutsche-Gebärden Sprachkurse ; Comité Alstad, Union des Syndicats d‘Intérêts locaux de la ville de Luxembourg, Syndicat d’Intérêts locaux de Pafendall-Sichenhaff
- 1 1) Konstitutiounsplaz
- 2 Kulturministère (Ministère de la Culture)
- 3 Helleg-Geescht-Plaz (Place du Saint-Esprit)
- 4 Panorama
- 5 Monument vun der Shoah
- 6 D’Kathedral an den ale Kolléisch vun de Jesuitten
- 7 D’Märei, déi fréier Jesuitteschoul an d’Kathedral
- 8 Biergerzenter
- 9 Place Clairefontaine
- 10 D’Chamber an de Lëtzebuerg City Museum
- 11 De groussherzogleche Palais
- 12 Gilly & Conroths-Eck
-
Aperçu de l'audioguide
Update Required To play the media you will need to either update your browser to a recent version or update your Flash plugin.Dës Unesco-Promenade ka liicht mat enger Kannerkutsch oder am Rollstull gemaach ginn. Et kënnen och Leit de Wee goen, déi Problemer mat der Vue hunn: Mam Audioguide kënne si den Text, deen de Wee beschreift, ënnerwee lauschteren.
De Wee ass eng 1.950 Meter laang an Dir kënnt en an Etappe maachen. En ass meeschtens flaach a biergop kritt en net méi wéi 5,5 % Steigung. Just den Deel tëschent der Cité judiciaire an der Zitadell vum Helleg-Geescht-Plateau ass méi géi. D’Distanz tëschent de Sitte läit bei ronn 200 Meter.
Wat et ze kucke gëtt: De Wee féiert laanscht 19 Sitten, déi all eng Nummer hunn.
Lass geet et bei der Gëlle Fra, d’Arrivée ass um Knuedler beim Luxembourg City Tourist Office.
Ëffentlech Toilettë gëtt et ënner der Konstitutiounsplaz oder am Gronn, do, wou ee mam Lift ukënnt (zougänglech fir jiddwereen), ënner dem Knuedler (zougänglech fir jiddwereen), op der Theaterplaz (zougänglech fir jiddwereen) an an der Paschtoueschgaass no bei der Plëss (Place d’Armes).
Bänke fir ze raschte gëtt et op der Konstitutiounsplaz, op der Helleg-Geescht-Plaz, op der Zitadell vum Helleg-Geescht-Plateau, um Square beim Chouer vun der Kathedral, op der Place Clairefontaine, um Roude Pëtz, op der Theaterplaz, op der Plëss an um Knuedler.
„Lëtzebuerg, Alstad a Festung“, Weltkulturierwe vun der Unesco
De 17. Dezember 1994 gouf „Lëtzebuerg, Alstad a Festung“ an de Regëster vum Weltkulturierwe vun der Unesco agedroen. Hiwwelen an Däller, Bëscher a Fielse bilde mat der Uelzecht an der Péitruss eng aussergewéinlech Landschaft. D’Iwwerreschter vun der fréierer Festung mat hiren Tierm a Maueren, déi al Quartiere vun der Stad an de Gronn erënneren un d’Festungszäiten. Den natierleche Site a seng al Geschicht hunn zesummen eng universell an exzeptionell Valeur.
Text : © Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO
Redaktioun: Robert L. Philippart / Zenter fir lëtzebuerger Sprooch
De Text liest de Marc Georges
Photosn: Robert L. Philippart / Lucien Koneczny / Vuc Fischbach / Monique Schneider
Editeur: Ministère de la Culture, Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO, Service des Sites et Monuments Nationaux ; Ministère du Tourisme ; Ville de Luxembourg ; Luxembourg City Tourist Office ; Athénée de Luxembourg école UNESCO ; Adapth, Info-Handicap, Daaflux asbl ; Klaro-APEMH, Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, Chiens-guides d’aveugles au Luxembourg, Centre pour le développement des compétences relatives à la vue ; Deutsche-Gebärden Sprachkurse ; Comité Alstad, Union des Syndicats d‘Intérêts locaux de la ville de Luxembourg, Syndicat d’Intérêts locaux de Pafendall-Sichenhaff
Commentaires
1 avis
Évaluer cette visite-
10-02-2024
Ik heb deze wandeltocht geprobeerd bij een eerste bezoek aan Luxemburg. Het is meer een speurtocht dan een rondleiding. De automatische stem is aangenaam om naar de luisteren, maar spreekt erg fonetisch. Als er navigatie bij zou zitten zou het al beter bruikbaar zijn. Advies als "loop 3 stoplichten naar het zuiden" is waardeloos als je niet weet waar het zuiden is.
Téléchargez l'appli gratuite izi.TRAVEL
Créez vos propres visites audio!
L'utilisation du système et de l'appli de guide mobile est totalement gratuite
