Kulturhuef
Kulturhuef - musée, kino, bistro
Lëtzebuerger Drock- a Spillkaartemusée
De Lëtzebuerger Drock- a Spillkaartemusée weist zwou permanent Ausstellungen.
Ausstellung Dieudonné
D’Ausstellung iwwert Spillkaarten aus aller Welt bezitt d’Geschicht vun der eemoleger Spillkaarteproduktioun Dieudonné zu Gréiwemaacher mat an. D’Ausstellung bestécht duerch hir Kannerfrëndlechkeet an interaktiv Exponater, déi Spaass fir d’ganz Famill bidden.
Ausstellung Gutenberg Revisited
D’Ausstellung Gutenberg Revisited, déi 2018 komplett nei gemaach gouf, behandelt d’Geschicht vum Buchdrock a bitt net nëmme vill nei Objeten, eng iwwersichtlech Timeline an Texter an dräi Sproochen (DE, FR, EN), mee de Visiteur kann sech och op enger vun den zwou historeschen Handpressen e Souvenir drécken.
Méisproocheg guidéiert Visitten an e villfältege Workshop-Programm komplettéieren de Programm.
Visitte fir Gruppe kënne fir béid Ausstellungen op Demande organiséiert ginn.
De Kulturhuef bitt weiderhin nach e charmante Kino, deen net nëmmen eng stänneg wiesselenden Auswiel vun de neiste Blockbuster, mee och eng villfälteg Auswiel un Konscht-Kino weist.
Déi frëndlech Atmosphär vum Kulturhuef Bistro verstäerkt eng vun den Haaptaufgabe vum Kulturhuef, nämlech der Gemeinschaft vu Gréiwemaacher an doriwwer eraus en dynameschen an integrative Raum ze bidden.
Programm an Horaire fannt Dir op www.kulturhuef.lu
Crie seus próprios tours em áudio!
O uso do sistema e do aplicativo de guia móvel é gratuito