Museum

MuseumBuerg Buurschent

Museum-info

Over het museum

Bekijk video

Der Buerg Buerschent hir Originne ginn iwwer d'Joer 1000 eraus, an deem op engem 150 m héije Fielsstupp, deen nëmme vun Nordwesten Zougank huet, eng stabil stenge Buerg opgeriicht gouf.

D'Buerg gouf aachtmol vergréissert a restauréiert, wat och déi verschidde Baustiler vun der Buerg erkläert. Déi baussenzeg Rankmauer ass tëscht 1350 an 1384 gebaut ginn. Am Joer 1384 ass d'Stolzebuerger Haus an ëm 1477 d'Virbuerg gebaut ginn.

1512 ass dee leschten Här vu Buerschent gestuerwen, ouni Kanner ze hunn. Seng Ierwen hu sech d'Buerg ënnerenee opgedeelt: d'vu Metternichs hu sech am ale Buergfrid an am Palas vun der Buerg ageriicht, d'Zant vu Merl am ënneschten Deel vun der ieweschter Buerg an déi vun Ahr am Stolzebuerger Haus. 1650 gouf d'Kapell vergréissert, a 1785 d'Stolzembuerger Haus komplett ëmgebaut. Zu där Zäit waren d'Kapell an de Palas schonn zum Deel an e Koup gefall.

1812 gouf d'Buerg mat de Lännereie versteet an ass an de Joerzéngten duerno lues a lues verfall. 1936 gouf d'Ruin op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert.

Den 12. Abrëll 1972 huet de Lëtzebuerger Staat se kaaft. Zanterhier goufe vill Ausgruewungen a Renovatiounsaarbechte finanzéiert.

D'Ausgruewunge bei der Buerg hu réimesch, merowengesch, karoléngesch an ottonesch Spuren un der Dag bruecht.

Plan je bezoek

Beoordelingen

Nog geen beoordelingen

Schrijf de eerste beoordeling
A minimum rating of 1 star is required.
Please fill in your name.

Maak eigen audiogidsen!

Het gebruik van het systeem en de app is gratis

Start

App preview on iOS, Android and Windows Phone